Wat leeft? Zu Brotebaach

Aweiung vun der Kläranlag Brotebaach

De 25. Juni 2026 gouf d’Kläranlag zu Brotebaach an der Gemeng Wëntger offiziell ageweit. Dëst ass d’Geleeënheet fir sech d’Situatioun an d’Entwécklung vun der Ofwaasserbehandlung an der Gemeng Wëntger méi genau unzekucken.

Ofwaasserbehandlung an der Gemeng Wëntger

Mam Bäitrëtt vun der Gemeng Wëntger an d’Ofwaassersyndikat SIDEN am Joer 2006 huet déi schrëttweis Erneierung vun der veraalter Ofwaasserinfrastruktur ugefaangen. D’Zil war et, déi 27 Uertschaften un e puer modern Kläranlagen unzeschléissen an domat den Ufuerderunge vun engem zäitgeméisse Waasserschutz gerecht ze ginn. Wéinst begrenzte finanzielle a personelle Ressourcen ass e Masterplang mat kloer Prioritéiten ausgeschafft ginn. Gläichzäiteg huet Handlungsdrock bestanen, well d’staatlech Subsidetauxen am Laf vun de Joren ëmmer weider zeréckgaange sinn.

No den éischte Projeten zu Béigen an Tratten ass vun 2018 bis 2021 d’Kläranlag Brotebaach gebaut ginn, déi haut d’Ofwaasser vu Brotebaach an Déierbech behandelt. Duerno hunn d’Aarbechten un der Anlag Saassel am Raum Aasselbuer ugefaangen. Als nächst kënnt d’Kläranlag Schëmpech, där hire Bau Ufank 2027 ufänke soll. Fir d’Uertschaften Hëlzen, Houfelt a Weiler lafen d’Planunge fir en Uschloss u Saassel schonn.

Mat dëse Projete gëtt e wichtege Meilestee fir d’Ofwaasserentsuergung vun der Gemeng Wëntger erreecht.

D’Anlag zu Brotebaach gouf 2021 a Betrib geholl a behandelt elo d’Ofwaasser vun den Uertschaften Déierbech a Brotebaach. Si huet eng Behandlungskapazitéit vun 1.000 Awunnergläichwäerter. De Betrib vun dëser Kläranlag ëmfaasst déi follgend Elementer:

Mechanesch Virbehandlung

Als éischt leeft d’Ofwaasser duerch déi mechanesch Virbehandlung, déi als e kompakte System konzipéiert ass. Hei gi Materialien, déi méi grouss wéi 5 mm sinn, duerch e Riech erausgeholl. Zousätzlech gi Sand a Fetter am selwechte Modul aus dem Ofwaasser erausgeholl. De produzéierten Offall gëtt gewäsch, gepresst, a Container gesammelt a duerno op d’Deponie transportéiert.

Biologesch Behandlung

Ier d’Ofwaasser an d’biologesch Behandlungsstuf kënnt, ginn d’Phosphorverbindunge chemesch getrennt, andeems Aluminiumverbindungen dem Waasser zougesat ginn. De Phosphor gëtt dono zesumme mam Belebtschlamm aus dem biologesche Behandlungsprozess erausgeholl.

An der sech uschléissender biologescher Behandlung gi Kuelestoff- a Stéckstoffverbindungen ofgebaut. Dëst geschitt mam sougenannte BIOCOS®-Verfahren. Am Belëftungsbaseng gëtt Sauerstoff iwwer Membranbelëftungsplacken zougeleet. Dëst geschitt mat Hëllef vu Loftkompresseren, déi am Gebai vun der Anlag ënnerbruecht sinn.

Den zoudoséierte Sauerstoff erlaabt de Bakterien, d’Schuedstoffer opzehuelen. Nieft dem Belëftungsbaseng ginn et zwou sougenannt SU-Basengen (SU = Sedimentatioun/Umwälzung), déi ofwiesselnd benotzt ginn.

Wärend ee Baseng an der Ofsetzphase ass, an där sech de Schlamm ofsetzt an dat traitéiert Waasser oflafe kann, gëtt de Volume vum zweete Baseng ëmgewälzt a fir d’Sauerstoffopnam genotzt.

No der biologescher Behandlungsstuf gëtt dat behandelt Ofwaasser der Ëmwelt, héi d‘Kirelbaach zeréck ginn.

Schlammbehandlung

De produzéierten Iwwerschussschlamm gëtt am rechteckege Schlammspäichertank gesammelt, wou ee statesch agedéckt gëtt. Den agedéckte Schlamm gëtt periodesch op d’Kläranlag Béigen transportéiert, fir do entwässert ze ginn.

E puer Info’en zu der Kläranlag Brochtebaach:

SpezifikatiounenWäerter
Ausbaugréisst1000 EW
Zoufloss bei Dréchewieder15,5 m3/h
Maximale Zoufloss bei Reewieder65 m3/h
Volume Biologie303 m3
Volumen Sedimetatousbaseng2x 220 m3
Späichervolumen Schlammstapelbehälter300 m3
Reeniwerlafbaseng Déierbech283 m3
Reeniwwerlafbaseng Brotebaach236 m3

Méi Informatiounen: https://www.siden.lu/index.php?page=70&idouvrage=199575&numlangue=1

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.