
All Dag verschwannen Offäll am Oflaaf. Medikamenter, Lingetten, Ueleg… Mir geheien se ewech a denken net méi drun. Mee dat, wat mir mengen lass ze sinn, geet weider säi Wee.
Et leeft duerch d’Reseauen, kënnt an de Kläranlagen un a lant heiansdo an de Flëss… An heiansdo fënnt et souguer de Wee zeréck an eist Drénkwaasser.
Ofwaasser: Firwat et eis all ugeet
Ofwaasser ass am Alldag bal onsichtbar, mee seng richteg Gestioun ass entscheedend fir eis Gesondheet an eis Ëmwelt. D’Campagne « Wat leeft? », initiéiert vun der ALUSEAU a.s.b.l., vereent déi ëffentlech Acteure vum Waasser zu Lëtzebuerg ronderëm ee gemeinsamen Zil: op verständlech Aart a Weis ze erklären, wéi eist Ofwaasser gesammelt a gerengegt gëtt – a wéi mir all dozou bäidroe kënnen, et besser ze schütze.
Iwwer eng Dauer vun dräi Joer stellt d’Campagne d’Infrastrukturen, déi richteg Gesten an d’Aarbecht vun de Leit um Terrain an de Mëttelpunkt, fir d’Thema fir jidderee méi verständlech ze maachen.

“Wat leeft am Kanal” an e puer Zuelen
Entdeckt hei eng interaktiv digital Erfarung, déi déi wichtegst Zuele vu „Wat leeft am Kanal“ erkläert. Schrëtt fir Schrëtt gesitt Dir, wat d’Donnéeën iwwer eis deeglech Gewunnechten an de reellen Impakt vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg verroden. Eng einfach a konkret Manéier ze verstoen, wou mir haut stinn – a firwat all Geste zielt

Quiz
Test deng deeglech Gewunnechten mat dësem Quiz!
Verschidde Gesten schénge harmlos… bis se Problemer an der Kanalisatioun verursaachen.
Dobäi kann ee gudde Reflex vill Schied verhënneren…test, wat s du schonn alles richteg méchs.
Maacht bei eisem Quiz mat a stell deng Reflexer op d’Prëff.


Adoptéiert déi richteg Gesten am Alldag
All Dag kënne kleng Reflexer e groussen Ënnerscheed maachen – Medikamenter, Ueleg, Lingetten, Botzmëttel… Wat mir an d’Waasser geheien, verschwënnt net einfach: mee et hannerléisst Spueren an eiser Ëmwelt.
Mat e puer bewooste Gesten, déi fir jiddereen einfach ëmzesetze sinn, kënnt dir ären Impakt däitlech reduzéiren.
Kläranlagen si wichteg fir eng nohalteg Gestioun vun eisem Ofwaasser
Alles, wat an eis Kanalisatioune geheit gëtt, verschwënnt net einfach. Och wann d’Kläranlagen eng wichteg Roll spillen, stoussen se un hir Grenzen. Reschter vu chemesche Produiten, Medikamenter, Mikroplastik a Fetter kënnen net ëmmer komplett gerengegt ginn.
Begleet Clea op der Rees vun ärem Ofwaasser.
D’Clea ass eng Waasserdrëps wéi all aner. Awer seng Rees ass alles anescht wéi gewéinlech. Vun der Kanalisatioun bei Iech doheem bis zeréck an de Floss beweegt hatt sech duerch eng Welt, déi meeschtens onsichtbar bleift. Kuckt no, lauschtert no… a denkt drun, näischt onbeduecht ewech ze geheien.
8 Objeten, déi an der Kanalisatioun näischt verluer hunn
All Joer mussen a Kläranlagen dausende vun Objeten erausgeholl ginn, déi net an d’Kanalisatioun gehéieren. Si stéieren d’Ofwaasserbehandlung a belaaschten eis Installatiounen onnéideg.
Wat leeft? E puer nëtzlech Ablécker aus der ILRES-Studie.
Fannt eis op de sozialen Netzwierker

Mat der Campagne „Wat leeft?“ kucke mir dohinner, wou een normalerweis net hikuckt, a maachen däitlech, wat sech an eise Kanalisatiounen a Kläranlagen ofspillt. Op eise soziale Netzwierker deele mir verständlech Informatiounen, praktesch Rotschléi a pedagogesch Inhalter, fir de Wee vum Ofwaasser z’erklären an ze weisen, wéi jiddereen am Alldag mat einfache Gesten zum Schutz vum Waasser an eiser Ëmwelt bäidroe kann.
Follegt eis, fir um Lafenden ze bleiwen, méi doriwwer ze léieren, wat an eise Systemer zirkuléiert, an aktiv eng verantwortungsvoll an nohalteg Gestioun vun eise Ressourcen z’ënnerstëtzen.








