Am Moiesstudio um radio 100,7 war de Ronny Diederich, Ingenieur beim SIDEN an Member vum Groupe de travail vun der Campagne „Wat leeft“ vun der Aluseau, zu Gaascht.
Am Gespréich goung et ëm d’Froen, wéi eis Alldagsgewunnechten en direkten Afloss op d’Kanalisatiounsnetzer an d’Kläranlagen am Land hunn.
D’Campagne „Wat leeft“ sensibiliséiert d’Bierger:innen dofir, verschidde Reflexer am Alldag ze iwwerdenken. Lingetten, Iessensreschter oder aner Offäll, déi am Toilette oder am Spullbecken entsuergt ginn, féieren ëmmer erëm zu Verstopfungen a belaaschten d’Infrastrukturen onnéideg. Dat huet net nëmme technesch, mee och ökologesch a finanziell Konsequenzen. Mat gezielter Informatioun wëll d’Campagne dozou bäidroen, datt méi Bewosstsinn entsteet an einfach Geste fir e besseren Ëmgang mam Ofwaasser an de Fokus geréckelt ginn.


De ganze Radio-Beitrag mam Ronny Diederich kann online nogelauschtert ginn.
