“Wat leeft?” bei Events

Waasserfest vum Naturpark Oewersauer, 30 Joer SIACH an Informatiounsevent vun der Gemeng Useldeng

Am Mee an Ufank Juni war Wat leeft? fir d’éischte Kéier op verschiddenen Eventer vertrueden.

Dat éischt Event war de 17. Mee um Waasserfest vum Naturpark Öewersauer op der Toodlermillen. Hei hat d’Campagne Wat leeft? d’Geleeënheet, sech um Stand vum SIDEN ze presentéieren. Op dësem Event konnten d’Visiteuren d’Thema Waasser aus verschiddene Perspektive kenneléieren – spilleresch, kreativ an interaktiv. D’Clea hat seng Pins a Bicker matbruecht, a mat Roll-ups op d’Campagne opmierksam gemaach. De Ronny an d’Danièle waren op der Plaz, fir de Visiteuren déi richteg Gesten am Ëmgang mat Ofwaasser ze erklären. Och d’Administration de la gestion de l’eau war mat engem Stand vertrueden. Do konnten d’Leit hiert Wëssen testen an erausfannen, ob si déi richteg Gesten am Ëmgang mam Waasser kennen. D’Clea seet dem SIDEN an dem Naturpark Öewersauer villmools Merci fir dës flott Geleeënheet a fir déi gutt Zesummenaarbecht.

Samsdes, de 6. Juni 2026 stoungen dann direkt zwee Eventer um Programm. De SIDERO war bei der Aweiung vun der Aktioun „Ici commence la mer / Hei fänkt d’Mier un“ zu Useldeng vertrueden an huet de Visiteuren de Fonctionnement vum Kanalnetz a vun der Kläranlag erkläert. Organiséiert gouf dësen Event vun der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Useldeng, zesumme mam Lions Club an der Jugendorganisatioun LEO. D’Aktioun soll d’Leit dorop opmierksam maachen, datt alles, wat an d’Kanalisatioun oder an de Reewaasserkanal geréit, schlussendlech an eis Gewässer an d’Mierer ka kommen (Wat leeft an der Kanalisatioun? Informatiounsevent vun der Gemeng Useldeng mam Sidero (6.6.26) – RTL Lëtzebuerg).

Deen nämmlechten Dag war zu Péiteng Porte Ouverte op der Kläranlag vum SIACH, deen dëst Joer säin 30. Anniversaire gefeiert huet. Natierlech waren och d’Clea a Wat leeft? mat dobäi. Nieft senge bekannte Bicker a Pins hat d’Clea dës Kéier esouguer seng nei, chic Tasen am Gepäck. D’Visiteure konnten direkt op der Plaz um Tablet de Wat leeft?-Quiz ausfëllen an erausfannen, ob si déi richteg Gesten am Ëmgang mam Ofwaasser kennen. Déi vill flott Gespréicher an den Interessi vun de Visiteuren hunn gewisen, datt d’Thema Waasser- an OfWaasserschutz d’Leit beweegt an datt d’Campagne op vill Oppenheet a Virwëtz stéisst.

Wann s du wësse wëlls wéini déi nächst Geleeënheet ass fir méi gewuer ze gi „wat leeft?“ da kuck reegelméisseg op eise Site oder abonéier eis op Social Media.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.