Vum Ofwaasser bis an d‘Baach

Firwat Waasserqualitéit a Renaturéierung zesummegehéieren

Firwat Waasserqualitéit a Renaturéierung zesummegehéieren

D’Waasser an eise Baachen a Flëss ass eng vun eise wäertvollste Ressourcen. Fir eist Gewässer erëm an e gudden Zoustand ze bréngen, brauche mir: natierlecht Gewässer an e verantwortungsvollen Ëmgang mat eisem Ofwaasser.

Genee dëse Gedanke stoung och am Mëttelpunkt vum zweeten nationale “Renaturéierungsdësch”, deen den 21. Juli 2026 zu Munneref stattfonnt huet. Ënner der Leedung vum Ëmweltminister Serge Wilmes, zesumme mam Inneminister Léon Gloden an der Waasserverwaltung, goufe konkret Mesurë virgestallt, déi d’Renaturéierung vun de Lëtzebuerger Waasserleef beschleunege sollen.

Serge Wilmes, ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité
© SIP – Claude Piscitelli

Léon Gloden, ministre des Affaires intérieures
© SIP – Claude Piscitelli

Natierlecht Fléissgewässer ass méi resilient

Renaturéierung bedeit, Baachen a Flëss nees méi Plaz ze ginn an hinnen en natierleche Verlaf z’erméiglechen. Doduerch ginn net nëmmen d’Liewensraim fir Planzen an Déiere verbessert. Natierlecht Gewässer kann och méi Waasser späicheren, Iwwerschwemmunge bremsen an d’Auswierkunge vu laangen Hëtzperioden ofschwächen.

Ewéi den Ëmweltminister Serge Wilmes ënnerstrach huet, dréit d’Renaturéierung gläichzäiteg zum Schutz vun der Biodiversitéit, zur Erhale vun eise Waasserressourcen an zur Upassung un de Klimawandel bäi.

51 Mesurë fir méi séier virunzekommen

Am Kader vum Renaturéierungsdësch goufen 51 konkret Mesurë presentéiert, déi an Zesummenaarbecht mat Gemengen, Staatsverwaltungen an Interessevertriedungen ausgeschafft goufen.

D’Mesuren hunn als Zil:

  • d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ze verbesseren,
  • administrativ Hindernisser ofzebauen,
  • Prozeduren ze vereinfachen an ze beschleunegen,
  • d’Mobiliséierung vu Flächen ze erliichteren,
  • an d’Informatioun an d’Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung ze stäerken.

Dës Initiative sinn Deel vun enger méi breeder Strategie fir d’Resilienz vun eisem Land vis-à-vis vun Extremwiederereegnesser ze stäerken an eis Gewässer nohalteg ze schützen.

D’Qualitéit vum Waasser geet eis all eppes un

Nieft der Struktur vun eise Gewässer spillt awer och d’Waasserqualitéit eng entscheedend Roll fir eis Gewässer an e gudden Zoustand ze bréngen. Och wann d’Ofwaasser zu Lëtzebuerg gréisstendeels an de Kläranlagen traitéiert gëtt, kënnen nach ëmmer verschidde Stoffer an d’Ëmwelt geroden.

Dozou gehéieren ënner anerem Reschter vu Medikamenter, cheemesch Produiten aus dem Alldag oder och Stoffer, déi net iwwer d’Toilette entsuergt solle ginn. Wat an d’Kanalisatioun geheit gëtt, muss spéider opwänneg aus dem Waasser erausgeholl ginn oder kann am schlëmmste Fall eis Baachen a Flëss belaaschten.

Eng erfollegräich Waasserpolitik besteet dofir gläichzäiteg aus propperem Ofwaasser an natierlechem Gewässer.

Jidderee kann e Bäitrag leeschten

Dass „Resilienz jiddereen eppes ugeet“, gëllt och fir den Ëmgang mam Ofwaasser. Jidderee kann eppes maachen andeems een:

  • Medikamenter ni iwwer d’Toilette oder de Lavabo entsuergt,
  • Frittenueleg a Fett getrennt sammelt,
  • nëmmen dat an d’Toilette geheit, wat do och higehéiert,
  • an ëmweltfrëndlech Produkter benotzt, wou et méiglech ass.

Dës kleng Geste reduzéieren d’Belaaschtung vun de Gewässer a stäerken de Schutz vun eiser Ëmwelt.

Fir gesond Gewässer a proppert Waasser

Renaturéiert Baachen a Flëss kënnen hir natierlech Funktiounen nëmmen da ganz erfëllen, wann och d’Waasserqualitéit stëmmt. Dofir gehéiere Renaturéierung an e verantwortungsvollen Ëmgang mam Ofwaasser zesummen.

D’Mesurë vum Renaturéierungsdësch weisen, dass Lëtzebuerg dëse Wee virugeet. Fir de Succès brauch et awer d’Mataarbecht vu jidderengem: vum Staat, de Gemengen, de Betriber an de Biergerinnen a Bierger.

Nëmmen zesumme kënne mir d‘Gewässer schützen an eng resilient Waasserlandschaft fir déi nächst Generatioune schafen.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.