De 17. Mäerz huet Luxemburger Wort iwwer d’Problematik vu falsch entsuergten Offäll am Ofwaasser bericht – am Kader vun der Campagne „Wat leeft?“, direkt vun der Kläranlag vum SIACH zu Péiteng.

Wat am Alldag praktesch wierkt, kann op Dauer deier ginn. Nach ëmmer geheie vill Leit Lingetten, Medikamenter oder aner Hygiènesartikele an d’Toilette – mat spierbare Konsequenze fir d’Ofwaasserinfrastruktur an domat och fir all Biergerinnen a Bierger.
Dorop mécht Danièle Mousel, Ëmweltingenieurin beim SIACH (Syndicat Intercommunal pour l’Assainissement du bassin de la Chiers) a Member vum Aarbechtsgrupp vun der OfWaasser‑Campagne, opmierksam: „Mir gesinn ëmmer erëm, datt d’Toilette als Poubelle benotzt gëtt – mat grave Konsequenze fir eis Anlagen“.
Lingetten – e grousse Problem
Lingetten si besonnesch problematesch. Si léise sech net am Waasser op, bleiwen an de Leitungen a Pompelwierker hänken a féieren do zu Verstopfungen, déi schwéier Schied un den Anlagen verursaache kënnen.
Vill Opwand, héich Käschten
Dës Problemer ze léisen ass opwänneg: Pompelen mussen gebotzt oder ersat ginn, Leitunge gespullt an heiansdo muss eng ganz Anlag gestoppt ginn. „Dat kascht Zäit a vill Suen“, betount d’Danièle. Op Dauer belaascht dat de ganze System – an domat eis alleguer.
Och Medikamenter gehéieren net an d’Toilette. Hir Wierkstoffer ginn an de Kläranlage dacks net komplett erausgeholl a landen esou an der Natur. „Dat schuet eise Gewässer a mécht d’Ofwaasserbehandlung nach méi schwéier“.
Um Enn bezuele mir alleguer
D’Käschte fir Reparaturen, Ënnerhalt an Investissementer ginn um Enn vun allen Droen.
„Wat doheem wéi eng Klengkeet ausgesäit, huet am grousse Ganze grouss Auswierkungen“, betont Danièle.
Eng kloer Reegel
D’Campagne mécht et däitlech: An d’Toilette gehéieren nëmmen Ausscheedungen an Toilettëpabeier.
Kleng Gesten, grouss Wierkung
„Eist Zil ass et, d’Leit ze sensibiliséieren, fir Problemer ze vermeiden, éier se entstinn“, seet d’Danièle. All richteg entsuergten Offall hëlleft, d’Anlagen ze schützen an d’Ëmwelt ze entlaaschten.
Den Appell ass kloer: D’Toilette ass keen Poubelle– mat verantwortungsvollem Verhale schütze mir d’Ëmwelt, eis Infrastruktur an och eise Portmonni.
De ganze Artikel aus dem Luxemburger Wort (verëffentlecht de 17. Mäerz) fannt Dir hei:
https://www.wort.lu/luxemburg/stadaland/feuchttuecher-und-medikamente-das-klo-hinunterzuspuelen-kostet-sie-richtig-geld/142214316.html
