„Wat leeft?“ ass weider am Land ënnerwee! No eise Rendez-vousen am Mee a Juni ware mir och an de Méint duerno op verschiddenen Evenementer present. Zesumme mat eise Partner hu mir d’Geleeënheet genotzt, fir mat de Visiteuren an d’Gespréich ze kommen, Froen ze beäntweren an op eng verständlech Manéier iwwer Waasser, Ofwaasser an de Schutz vun eise Gewässer ze sensibiliséieren.
Dobäi steet ëmmer eng zentral Fro am Mëttelpunkt: Wat leeft am Kanal, a wat gehéiert net dohinner?
Naturparkfest am Parc Housen
Den 2. August war de SIDEN mat sengem Stand um Naturparkfest am Parc Housen dobäi.
An enger flotter familiärer Atmosphär, mat villen Atelieren, Aktivitéiten an Animatioune fir Grouss a Kleng, konnten d’Visiteuren sech informéieren an direkt mat de Fachleit austauschen.
Dobäi stoung och eis Sensibiliséierungscampagne am Mëttelpunkt.


Ëmweltfoire zu Ettelbréck
Den 12. September war de SIDEN mat engem Informatiounsstand an der Däichhal zu Ettelbréck vertrueden.
Am Kader vun den NORDSTAD Ëmweltdeeg konnten d’Visiteuren op der éischter Ettelbrécker Ëmweltfoire entdecken, wéi jidderee vun eis am Alldag dozou bäidroe kann, Ressourcen ze spueren an eis Ëmwelt an Natur besser ze schützen.
Um SIDEN-Stand gouf et Informatiounen iwwer d’Aufgabe vum Syndikat, d’Ofwaasserbehandlung an de Schutz vun eise Gewässer. Och eis Campagne „Wat leeft?“ konnten hei op eng konkret an alldeeglech Manéier vermëttelt ginn.
Journée d’Orientation

Och bei der Journée d’Orientation den 19. September war „Wat leeft?“ present.
D’Naturverwaltung, d’Ëmweltverwaltung an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit ware mat Informatiounsstänn op der Plaz, fir Froen ze beäntweren an de Visiteuren déi verschidden Ëmwelttheeme méi no ze bréngen.
Um Stand vum Ministère gouf och eis Campagne „Wat leeft?“ virgestallt. Eng gutt Geleeënheet, fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, datt och kleng Gewunnechten am Alldag en Ënnerscheed maachen.
Ëmweltdag – „Eist Waasser vu Muer“
Ënnert dem Motto „Eist Waasser vu Muer – zesumme fir eng besser Zukunft!“ stoung den Ëmweltdag zu Ierpeldeng-Sauer ganz am Zeeche vun eiser wäertvoller Ressource Waasser.
Zesumme mam SIDEN an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer gouf et vill interessant Gespréicher mat de Visiteuren, dorënner och ville Kanner.
Besonnesch wichteg ass et, schonn déi Jonk fir d’Theeme Waasser, Ofwaasser an Ëmweltschutz ze sensibiliséieren. Si konnten entdecken, wat mat eisem Ofwaasser geschitt, wéi de Waasserkreeslaf funktionéiert a firwat et esou wichteg ass, eis Gewässer ze schützen.
Déi vill Froen an den Interessi hunn nach eng Kéier gewisen, wéi wichteg den direkten Austausch ass.


