Wat leeft am Stroossenoflaf?

Beton am Kanal

An engem Trennsystem gi Reen- an Uewerflächewaasser getrennt vum Ofwaasser ofgeleet. Iwwer Stroossenofleef a Reewaasserkanäl fléisst dëst Waasser direkt an eng Baach oder iwwert e Kanal dohinner.

Stroossenofleef suergen dofir, datt Reewaasser vu Stroossen, Trottoiren an anere befestegte Fläche kann oflafen. Dës Aufgab ass wichteg, fir Usammlunge vu Waasser op de Stroossen an Iwwerschwemmungen ze vermeiden entgéintzewierken.

No Schantercher kënnt et awer ëmmer nees vir, datt Materialie wéi Bëton, Sand oder Isolatiounsmaterial an d’Stroossenofleef geroden an dës verstoppen. Wann d’Ofleef blockéiert sinn, kënnen si hir Funktioun net méi erfëllen an d’Reewaasser kann net méi richteg oflafen. Doduerch kann d’Waasser sech stauen, a Wunngebidder lafen an do Iwwerschwemmungen a Schied op privatem Terrain verursaachen.

Och Blieder, déi vu Beem falen, kënnen d’Stroossenofleef verstoppen an esou verhënneren, datt d’Reewaasser richteg ofleeft.

Dofir gëllt: Stroossenofleef däerfen op kee Fall benotzt ginn, fir Baumaterialien, Offäll oder aner Stoffer ze entsuergen oder ofzelueden. Si mussen zu all Moment fräi bleiwen, fir datt d’Reewaasser ongehënnert oflafe kann.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.