Wat leeft? – Wat mir an d’Waasser schécken

En Iwwerbléck iwwer déi nei EU-Richtlinn fir d’Ofwaaserbehandlung

Eng besser Ofwaasserbehandlung, méi streng Grenzwäerter an d’Produzenten an der Verantwortung: Déi nei EU-Richtlinn soll eis Gewässer besser schützen.

Ob op der Toilette, ënner der Dusch, beim Wäsch maachen oder beim Spullen: Eisen Alldag hannerléisst Spueren am Ofwaasser. Och Medikamenter, Kosmetikproduiten an aner chemesch Produiten hannerloosse Spuerestoffer, déi esou an de Waasserkreeslaf geroden an eis Gewässer belaaschte kënnen.

Genee hei setzt déi nei EU-Kommunalofwaasserrichtlinn (EU) 2024/3019 un. Si schaaft de Kader dofir, wéi mir an Europa an Zukunft mat eisem Ofwaasser ëmginn, wéi d’Käschte verdeelt ginn a wéi Ofwaasser als wäertvoll Ressource besser genotzt ka ginn. D’Zil: eis Gewässer besser schützen, d’Ëmwelt entlaaschten an domat och d’Gesondheet vun de Mënsche schützen.

D’Richtlinn gouf de 27. November 2024 ugeholl an ersetzt déi aktuell Richtlinn 91/271/EWG vun 1991.

Erweiderung vum Uwendungsberäich

D’Richtlinn verschäerft d’Ufuerderunge fir d’Sammlung an d’Behandlung vum Ofwaasser. Künftig mussen d’Gemengen hiert Ofwaasser scho vun 1.000 Awunnergläichwäerter (AGW) u systematesch sammelen a biologesch behandelen. Bis elo louch dëse Seuil bei 2.000 AGW. Dobäi steet den Awunnergläichwäert net fir déi tatsächlech Zuel vun den Awunner, mee fir d’Belaaschtung, déi duerch d’Ofwaasser entsteet. Dofir fléisst nieft dem Ofwaasser aus de Stéit och d’Belaaschtung duerch Commerce an Industriebetriber an d’Berechnung mat an.

Individuell Ofwaassersystemer bleiwen nëmmen nach an Ausnamefäll méiglech a mussen an engem nationale Register erfaasst ginn. An de betraffene Siidlungsgebidder däerfen si zesummen héchstens 2 % vun der nationaler Ofwaasserbelaaschtung ausmaachen. Fosse mat Iwwerlaf entspriechen net méi dem Stand vun der Technik a sinn dofir net méi zougelooss.

Integréiert Bewirtschaftungspläng fir kommunalt Ofwaasser

D’Gemenge musse fir Siidlungsgebidder ab 100.000 AGW souwéi fir besonnesch gefäerdet Gebidder integréiert Pläng fir d’Gestioun vum Ofwaasser a Reewaasser ausschaffen. Dës Pläng musse konkret Moossnamen enthalen, fir Waasser aus Mëschwaasseriwwerleef an Offloss bei staarkem Reen, opzehuelen an ze behandelen. Dobäi solle virun allem naturno Léisunge wéi Gréngflächen, Versickerungsmulden, Buedemfilteren oder Weieren an den Asaz kommen.

Méi streng Ufuerderunge fir d’Entfernung vun Närstoffer

Fir d’Gewässer besser virun enger ze héijer Närstoffbelaaschtung ze schützen, ginn d’Grenzwäerter fir Stéckstoff a Phosphor am behandelten Ofwaasser erofgesat. Déi nei Wäerter orientéiere sech um aktuelle Stand vun der Technik.

Déi véiert Behandlungsstuf

Kläranlage mat enger Kapazitéit vu méi wéi 150.000 Awunnergläichwäerter an Anlagen a sensibele Gebidder musse no engem gestaffelten Zäitplang mat enger zousätzlecher Reinigungsstuf équipéiert ginn, der sougenannter véierter Behandlungsstuf. Déi véiert Stuf hëlt organesch Spuerestoffer aus dem Ofwaasser, also Stoffer, déi d’Gewässer schonn a ganz klenge Konzentratioune belaaschte kënnen. Dozou gehéieren ënner anerem Réckstänn vu Medikamenter, Kosmetik- a Kierperfleegprodukter souwéi Haushalts- an Industriechemikalien. Spéitstens 2045 muss den Ausbau ofgeschloss sinn.

Verursaacherprinzip – Erweidert Hierstellerverantwortung

Mat der erweiderter Hierstellerverantwortung féiert d’EU fir d’éischte Kéier eng finanziell Bedeelegung vun de Verursaacher an. D’Hiersteller vun deene Produiten, deenen hir Réckstänn déi véiert Reinigungsstuf néideg maachen, sollen de gréissten Deel vun de Käschten dofir droen. Dozou gehéieren d’Investitiouns- an d’Betribskäschten, d’Käschte fir d’Erhiewung an d’Iwwerpréiwung vun Donnéeën, souwéi weider Käschten, déi am Kader vun der erweiderter Hierstellerverantwortung entstinn. Fir d’Ëmsetzung an d’Gestioun vun der Hierstellerverantwortung gëtt eng speziell Organisatioun geschaf.

Weider Schwéierpunkten

Energie. Bis 2045 soll den Ofwaassersecteur schrëttweis energieneutral ginn, ënner anerem duerch d’Produktioun vu Biogas, d’Notzung vun der Hëtzt aus dem Ofwaasser an den Ausbau vun erneierbaren Energien, wéi Photovoltaik- oder Wandkraaftanlagen. Reegelméisseg Energieauditte fir d’Kanalisatiounsnetzer an d’Kläranlage sollen ausserdeem Méiglechkeeten opweisen, fir Energie ze spueren.

Iwwerwaachung a Gesondheet. Mikroplastik a PFAS ginn an Zukunft fir d’éischte Kéier systematesch iwwerwaacht. Am Sënn vum One-Health-Usaz soll d’Ofwaasser ausserdeem als Fréiwarnsystem fir Krankheetserreeger an aner gesondheetsrelevant Parameteren déngen, besonnesch fir d’Buedgewässer an d’Gebidder, an deenen Drénkwaasser gewonnen gëtt, ze schützen.

Kreeslafwirtschaft. Fir d’Réckgewënnung an de Recycling vu Phosphor aus Klärschlamm gëtt an Zukunft eng Mindestquot virgesinn. Domat soll dëse kritesche Rohstoff gezielt an de Ressourcekreeslaf zeréckgefouert ginn. Gläichzäiteg gëtt d’Weiderverwäertung vu gerengegtem Ofwaasser, zum Beispill an der Landwirtschaft, gefërdert. Eng besser Qualitéit vum Klärschlamm soll ausserdeem dozou bäidroen, datt dëse sécher als Dünger genotzt ka ginn.

Sozial Aspekter. Den Zougang zu propperen, sécheren a gratis ëffentlechen Toilette soll verbessert ginn. Dobäi soll besonnesch op d’Besoine vu vulnerabelen a marginaliséierte Bevëlkerungsgruppen agaange ginn, dorënner Fraen a Meedercher, Mënsche mat enger Behënnerung a Leit ouni festen Daach iwwer dem Kapp.

Transparenz. Den Ofwaassersecteur muss ënner anerem Donnéeën iwwer d’Sammlung an d’Behandlung vum Ofwaasser, d’Käschten, den Energieverbrauch an d’Treibhausgasemissiounen erhiewen an dës Informatiounen der Ëffentlechkeet op eng verständlech a benotzerfrëndlech Manéier zur Verfügung stellen.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.