Weltwaasserdag 2026

Where water flows, equality grows

Where water flows, equality grows

Den 22. Mäerz ënnersträicht de Weltwaasserdag d’zentral Roll vum Waasser als onersetzlech Grondlag fir Gesondheet a Sanitär Versuergung. D’Motto „Where water flows, equality grows“ mécht däitlech, datt e gerechten Zougang zu Waasser eng entscheedend Viraussetzung fir Gesondheet a Gläichheet ass.

Méi iwwer – “Where water flows, equality grows”

D’Thema vum Weltwaasserdag 2026 ënnersträicht déi enk Verbindung tëscht Waasser, Sanitärversuergung a Gläichstellung. Op weltwäitem Niveau gesäit een däitlech, datt sozial Ongläichheeten besonnesch staark bei Fraen a Meedercher optrieden, zum Beispill do, wou Waasser- an Ofwaassersystemer feelen oder net zouverlässeg funktionéieren. Laang Weeër fir Waasser ze huelen féieren heiansdo dozou, datt si wäertvoll Bildungs- a Liewenszäit verléieren.

Eng sécher an effizient Sanitärversuergung schützt net nëmme Mënschen an d’Ëmwelt, mee schaaft och fair Konditiounen – onofhängeg dovun, wou een lieft oder an wéi enger Liewenssituatioun een sech befënnt.

Eng gemeinsam Verantwortung

Zu Lëtzebuerg suerge modern a performant Waasser- an Ofwaassersystemer dofir, datt Ofwaasser gesammelt, gerengegt a sécher an den natierleche Waasserkreeslaf zeréckgefouert gëtt. Dës Infrastruktur ass e wichtege Pilier vun der ëffentlecher Versuergung a dréit entscheedend zur Liewensqualitéit an zur Chancëgläichheet bäi.

De Weltwaasserdag 2026 an d’Campagne erënneren eis drun: Waasser hält net beim Offloss op. Wien sech am Alldag verantwortlech verhält, hëlleft aktiv dobäi, d’Ofwaassersystemer ze schützen, d’Waasser Ressourcen ze erhalen a fair Liewensbedingunge fir jiddereen ze sécheren.

Méi Informatiounen zum Weltwassertag: World Water Day | United Nations

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.