PRESSECOMMUNIQUÉ

Start vun der nationaler Sensibiliséierungscampagne „OfWaasser“ Wat leeft? – OfWaasser besser verstoen, fir d’Waasser besser ze schützen

Start vun der nationaler Sensibiliséierungscampagne „OfWaasser“

Wat leeft? – OfWaasser besser verstoen, fir d’Waasser besser ze schützen

UKËNNEGUNG

Den 2. Mäerz 2026 gëtt déi national Informatiouns- a Sensibiliséierungskampagne „OfWaasser“ lancéiert. Dëst ass eng Campagne vun der ALUSEAU (Association luxembourgeoise des services d’eau) , d’Associatioun déi d’ëffentlech Acteuren am Waassersecteur zu Lëtzebuerg, besonnesch d’Gemengen an d’Gemengesyndikater, zesummebréngt. Mat der Ënnerstëtzung vun den ëffentlechen Autoritéiten, an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, ass d’Zil vun der Campagne d’Ëffentlechkeet iwwer déi wichteg Roll vum Thema OfWaasser beim Schutz vun der Ëmwelt an de Waasserressourcen ze informéieren an ze sensibiliséieren. D’Campagne gëtt vun de Membere vun der ALUSEAU (Beräich vun der OfWaasserbehandlung) an dem Ëmweltministère (Fonds pour la protection de l’environnement) finanzéiert.

En dacks onsichtbaren, mä weesentleche Sujet

All Dag gëtt d’OfWaasser aus de Stéit, aus wirtschaftlechen Aktivitéiten a vun ëffentlechen Infrastrukture gesammelt, transportéiert a behandelt, éier et erëm an d’Natur fléisst. Och wann d’OfWaasserinfrastruktur zu Lëtzebuerg effizient ass, ass hiert problemloost Funktionéiere staark vum Verhale vun all eenzelner Persoun ofhängeg.

D’Campagne „OfWaasser“ mécht dësen onsiichtbare Sujet aus dem Alldag sichtbar, andeems si op eng verständlech Aart a Weis erkläert

  • wéi de Wee vum OfWaasser ausgesäit,
  • wéi de Kanal an d’Kläranlage funktionéieren,
  • wéi Gesten am Alldag sech op d’Ëmwelt, d’Flëss an – am Endeffekt – op d’Drénkwaasser auswierken.

„Wat leeft?“ – e Slogan, deen zum Nodenken oprifft

De Slogan vun der Campagne „Wat leeft?“ spillt bewosst mat Wierder.

Engersäits bedeit en: „Wat gëtt et Neies?“ oder „Wat ass lass?“

Anerersäits bezitt en sech op eppes, dat iergendwou zirkuléiert oder leeft.

Am Kader vun dëser Campagne bezitt sech „Wat leeft?“ domat op dat, wat an de Kanäl an de Kläranlage passéiert, a luet d’Allgemengheet dozou an, doriwwer nozedenken, wat mam OfWaasser passéiert, wann et bis am Rouer ass.

Mat klore Messagen, ausdrocksstaarke Biller an einfach verständlechen Erklärungen, soll d’Bewosstsi vun der Bevëlkerung geschäerft ginn. Dobäi gëtt illustréiert, wat an d’Kanalnetz dierf a wat op kee Fall dohinner gehéiert, an och firwat dës Entscheedungen sou wichteg fir de Gewässer- a Waasserschutz sinn.

D’Zil ass et, dat individuellt Verantwortungsgefill ze stäerken an ze weisen, datt all eenzel Persoun zu enger méi nohalteger Gestioun vun de Waasserressource bäidroe kann.

D’Campagne „OfWaasser“ ass eng mëttelfristeg Moossnam, mat enger geplangter Dauer vun dräi Joer, déi d’Messagë laangfristeg an der Bevëlkerung verankere soll. Dës Approche erlaabt eng konsequent an harmoniséiert Kommunikatioun um ganzen Territoire vum Land, wärend gläichzäiteg déi eenzel Gemengen d’Messagen iwwer hir jeeweileg Kommunikatiounskanäl iwwermëttele kënnen.

D’Materialie fir d’Campagne ginn no a no iwwer d’Websäit
www.ofwaasser.lu, d’Sozial-Media-Kanäl vun der ALUSEAU an der Campagne, d’Print- a Online-Publikatiounen vun de Gemengen a Partnerorganisatiounen an iwwer verschidde digital Plattforme verdeelt.

All relevant Informatioune fannt Dir op der offizieller Websäit:
www.ofwaasser.lu.

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert w.e.g. ofwaasser@aluseau.lu.

Mat der Campagne „Wat leeft“ invitéieren d’ALUSEAU an hir Partner d’ Bevëlkerung, sech ze informéieren, d’eege Gewunnechten ze hannerfroen an duerch gezillte Gesten am Alldag d’OfWaasserinfrastruktur an d’Ëmwelt ze schützen.

Well: Waasserschutz fänkt do un, wou mir all Dag eist Waasser benotzen.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.