
Entlaaschtungsbauwierker
D’Entlaaschtungsbauwierker am Mëschsystem féieren bei staarkem Reen iwwerschëssegt, staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an d’Baach of. Dat entlaascht de Kanalisatiounsreseau a schützt d’Kläranlag.
Zu den Entlaaschtungsbauwierker am Mëschsystem gehéiere Reeniwwerleef a Reeniwwerlafbecken.
Dës Bauwierker leien am Kanalnetz um Wee an d’Kläranlag a déngen dozou, d’Infrastruktur bei staarke Reefäll ze schützen.
Bei staarke Reefäll kann d’Kanalnetz net ëmmer déi ganz Waassermass un d’Kläranlag weiderleeden. E Reeniwwerlaf erméiglecht et dann, iwwerschëssegt a staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an e Gewässer ofzeleeden. Ier d’Waasser an d’Baach oder an de Floss leeft, passéiert et e Riech, deen déi graff Offäll (z. B. Lingetten oder Plastik) zeréckhält. Sou gëtt eng Iwwerlaaschtung vun de Kanäl verhënnert an d’Kläranlag geschützt.
Reeniwwerlafbecken hunn zousätzlech e Späichervolumen. Dat bedeit dat d’ Ofwaasser als éischt tëschegespäichert gëtt an duerno gedrosselt un d’Kläranlag weidergeleet gëtt. Eréischt wann dat ganzt Späichervolumen voll ass, gëtt iwwerschëssegt Waasser – och hei iwwer e Riech – an d’Gewässer ofgeleet. Duerch dës Späicherfunktioun ginn d’Heefegkeet an d’Dauer vun Entlaaschtungen däitlech reduzéiert. Dofir ginn hautdesdaags verstäerkt Reeniwwerlafbecken gebaut. Bestoend Reeniwwerleef ginn och mat engem Riech equipéiert.

Bei Reeniwwerlafbecken ginn et verschidde Bauformen: Fangbecken, Duerchlafbecken a Stauraumkanäl. Jee nodeem wéi de Baseng am Reseau läit, schwätzt ee vun Haaptschloss oder Nieweschloss. Reeniwwerlafbecken kënnen och an der Uertschaft selwer leien. Dacks gëtt et och nach e Becken direkt virun der Kläranlag, meeschtens um Terrain vun der Kläranlag selwer.
D’Dimensionéiere vun de Bauwierker geschitt op Basis vun:
- hydraulesche Berechnungen,
- der Gréisst vum ugeschlossene Anzuchsgebitt,
- de Nidderschlagsverhältnisser,
- de gëltege rechtlechen an technesche Reegelwierker.
Zousätzlech si Reeniwerlafbecken esou equipéiert, dat se automatesch gebotzt a gespullt kënne ginn esou dat eng dauerhaft Betribssécherheet garantéiert gi kann.
D’Iwwerlef vun de Bauwierker ginn opgezeechent an analyséiert.