
Kläranlagen
Kläranlage behandelen d’Ofwaasser mat mechaneschen, biologeschen a chemesche Verfaren, éier et an e Floss zeréck geleet gëtt.
An enger Kläranlag gëtt d’Ofwaasser wat ukënnt gebotzt. Schwebstoffer, organesch Substanzen, Närstoffer an aner Verschmotzunge ginn aus dem Waasser erausgeholl. Dofir gi verschidde Behandlungsmethoden agesat: mechanesch Behandlung (Oftrennung vu Fett, Sand a feste Stoffer), biologesch Behandlung (Ofbau vun organesche Substanzen an Närstoffen duerch Mikroorganismen), chemesch Behandlung (Fällung vu Phosphat).
Modern Anlagen iwwerwaache permanent d’Qualitéit vum Ofwaasser a garantéieren, datt dat gerengegt Waasser am Respekt vun der Ëmwelt an de Floss zeréck geleet ka ginn. Déi entspriechend Analyse ginn an de Laboratoiren duerchgefouert. D’Kläranlag trennt och de Schlamm vum Waasser a féiert dësen enger spezifescher Behandlung zou.
Och wann d’gerengegt Ofwaasser strengen Normen entsprécht, ass et op kee Fall Drénkwaasser.
D’Dimensionéiere vun enger Kläranlag baséiert op der viraussiichtlecher Entwécklung vum Anzuchsgebitt an de kommende Joerzéngten. Kläranlage spillen dofir och eng wichteg Roll an der Raumplanung. Fir nei Wunnquartieren oder handwierklech an industriell Zonen (wann dës net iwwer en eegent Behandlungssystem mat direktem Oflaf verfügen), ass et essentiel, datt genuch Kapazitéiten an der Kläranlag disponibel sinn.
Hei ënnendrënner ginn déi verschidde Stufe vum Behandlungsprozess kuerz erkläert. Jee no Konfiguratioun vun der Kläranlag kënnen d’Verfaren variéieren oder anescht dimensionéiert sinn. Déi hei beschriwwe Methode gehéieren zu de meescht verbreeten am Beräich vun der kommunaler Ofwaasserbehandlung.
Mechanesch Behandlung
An dëser éischter Stuf baséiert alles op mechanesche Verfaren.
Als éischt leeft d’Ofwaasser duerch e Riech deen déi grouss Stécker zeréckhält. Verschidde Kläranlagen hu souguer zwee Riecher; e Grobrechen an duerno e Feinrechen.
Dat wat am Riech zeréckgehal gouf gëtt an enger Wäsch- a Pressanlag gewäsch an entwässert. D’Wäschwaasser gëtt nees an d’Kläranlag zeréckgefouert, wärend d’Offäll meeschtens thermesch valoriséiert ginn.
Nom Riech kënnt d’Ofwaasser an e Sand- a Fettfang. Dëse gëtt belëft, sou datt Fett an Ueleg un d’Uewerfläch klammen a gesammelt kënne ginn. Dës Fetter kënnen duerno an d’Schlammbehandlung geleet ginn. De Sand setzt sech um Buedem of, gëtt gewäsch a jee no Qualitéit entweder deponéiert oder am Stroossebau benotzt.
Déi lescht Etapp vun der mechanescher Behandlung ass d’Virklärbecken. Do setzen sech ofsetzbar organesch Stoffer of a ginn als Primärschlamm ofgezunn, deen duerno an d’Schlammbehandlung geet.
Biologesch Behandlung
An der biologescher Stuf baue Mikroorganismen d’Substanzen am Ofwaasser of. Dofir schwätzt een och vun aktivéiertem Schlamm.
An dësem Becken gi geléiste, biologesch ofbaubar organesch Substanze souwéi Stéckstoffverbindungen ofgebaut.
De Stéckstoff läit am Ofwaasser als Ammonium (NH₄) vir a gëtt an engem éischte Schrëtt (Nitrifikatioun) zu Nitrat (NO₃) ëmgewandelt. An der Dénitrifikatioun gëtt Nitrat iwwer Nitrit (NO₂) zu elementarem Stéckstoff (N₂) transforméiert, deen an d’Atmosphär entlooss gëtt. Dës Prozesser ginn duerch verschidde Mikroorganismen assuréiert, déi ënnerschiddlech Liewensbedingunge brauchen.
D’Bakterien, déi fir d’Nitrifikatioun zoustänneg sinn, brauche Sauerstoff. Déi fir d’Dénitrifikatioun funktionéieren a sauerstoffaarme Beräicher (anoxesch Zonen). Dofir ginn d’biologesch Becken entweder baulech getrennt oder ofwiesselnd belëft a net belëft. D’Belëftung mécht dobäi e wesentlechen Deel vum Energieverbrauch vun enger Kläranlag aus.

Nieft dem Ofbau vun de Substanzen erméiglecht déi biologesch Phas och d’Trennung vum Schlamm vum Waasser. Dat geschitt meeschtens an engem Noklärbecken, wou de Schlamm sech um Buedem ofsetzt an dat proppert Waasser an d’Baach ofgeleet gëtt.
Den ofgezunnene Schlamm (Iwwerschoss- oder Sekundärschlamm) gëtt an d’Schlammbehandlung geleet. En Deel vum Schlamm gëtt als Récklafschlamm erëm an de Baseng vun der Biologie zeréckgefouert, fir genuch Mikroorganismen am System ze halen.
Nieft dem klassesche System mat zwee Basenge ginn et och aner biologesch Konzepter, wéi zum Beispill SBR-Anlagen (Sequencing Batch Reactor), bei deenen d’Prozessphasen net raimlech, mee zäitlech getrennt sinn.
Och Phosphor ka biologesch ofgebaut ginn. Allerdéngs geet dat dacks net duer, fir déi gesetzlech Grenzwäerter anzehalen – dofir kënnt d’chemesch Behandlung zum Asaz.
Chemesch Behandlung
An dëser Stuf gëtt e Fällmëttel (Eise- oder Aluminiumsalz) bäigefüügt. Dëst reagéiert mam geléiste Phosphor a verwandelt en an eng fest Form, déi zesumme mam Schlamm ofgetrennt gëtt. D’Fällungsmëttel gëtt dacks direkt am Baseng vun der Biologie doséiert.
Weider Elementer
Nieft de Behandlungsprozesser ëmfaasst eng Kläranlag och vill technesch Komponente wéi Pompelen, Regleuren, Ventiller a Leitungen, déi de gudde Fonctionnement vum Gesamtsystem garantéieren. Et handelt sech ëm e komplexen an usprochsvollen technesche Prozess.