Test deng deeglech Gewunnechten mat dësem Quiz!
Dëse Quiz hëlleft Dir, op Basis vu 10 Liewenssituatiounen, Är Gewunnechten ze analyséieren. Wat ass d’Zil?
Gutt Gewunnechten z’erkennen, déi besser ze verstoen, déi nach Verbesserungspotenzial hunn, an am Alldag méi bewosst a méi roueg ze handelen, fir eist Waasser an eis Infrastruktur nohalteg ze schützen an ze erhalen.
Geheis du Lingetten an d’Toilette?
Schëtts du Kachueleg oder Fett an de Lavabo?
Geheis du Medikamenter (Pëllen, Siropen, asw.) an d’Toilette oder an de Lavabo?
Wäschs du däin Auto an der Afaart oder op der Strooss?
Léiss du d’Wäschmaschinn lafen, och wann se net wierklech voll ass?
Geheis du Iessreschter (Zoossen, Reschter, Kaffissaz) an de Lavabo?
Léisst du Waasser onnéideg lafen (beim Aseefen ënnert der Dusch, beim Zänn botzen, asw.)?
Pass de op Schuedstoffer wéi PFAS a Produiten op?
Entscheeds de dech fir ëmweltzertifizéiert Kosmetik‑ oder Haushaltsproduiten?
Botz du Pinselen direkt ënnert dem Krunn?
Wëscht no lénks oder no riets fir ze äntweren.
Är Gewunnechten hunn en Afloss. Mir erklären firwat.
All Äntwert verroden eppes iwwer Är alldeeglech Gewunnechten. Ier Dir Äert Resultat entdeckt, hëlt e Moment, fir ze bedenken, datt dës kleng Handlungen, egal ob gutt oder schlecht, direkt d’Waasserqualitéit, d’Funktioun vun den Behandlungsanlagen an d’Gesondheet vun eise Flëss beaflossen.
Äre Punktzuel:
0/10
Lies d’Äntwerten hei ënnen duerch, fir e bessert Verständnis vun de Problemer ronderëm d’Abwaasserbehandlung ze kréien.
Zesummefaassung vun äre Äntwerten
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Geheis du Lingetten an d’Toilette?
Lingetten léise sech net am Waasser op.
Si sammelen sech an de Leitungen, verstoppen d’Pompelen a stéieren de Fonctionnement vun de Kläranlagen.
Eisen Tipp
Lingetten – och déi, déi als biologesch ofbaubar gekennzeechent sinn – gehéieren ëmmer an Poubelle.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Schëtts du Kachueleg oder Fett an de Lavabo?
Wann d’Fetter ofkillen, ginn se fest, setzen sech an den Ofwaasserréier fest an da kann et zu Verstoppunge kommen – virun allem an de méi dënne Réier an a ronderem d’Haus.
Eisen Tipp
Looss d’Pan oder Kachdëppe fir d’éischt ofkillen a maach se mat Kichepabeier propper, éier s du se ofwäschs.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Geheis du Medikamenter (Pëllen, Siropen, asw.) an d’Toilette oder an de Lavabo?
Reschter vu Medikamenter si Mikro‑Verschmotzungen, déi a Kläranlagen oft nëmme schlecht – oder guer net – erausgefiltert ginn. Si kënnen Waasserplanzen an Déieren schueden.
Eisen Tipp
Bréng onbenotzt oder ofgelaf Medikamenter gratis bei deng Apdikt oder bei d’SuperDrecksKëscht.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Wäschs du däin Auto an der Afaart oder op der Strooss?
Garagenafarten a Stroossen si meeschtens un de Reewaasserkanal ugeschloss. Op ëffentleche Stroosse kënnen Verschmotzunge wéi Ueleger, Metaller oder Pneureschter an d’Reewaasserkanalisatioun geroden a sou direkt an d’Gewässer fléissen – ouni iergendeng Behandlung.
Eisen Tipp
Wäsch däin Auto an enger Autoswäschanlag. Do gëtt d’Waasser gerengegt a recycléiert, an d’Ofwaasser gëtt korrekt an dat zoustännegt Netz ofgeleet.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Léiss du d’Wäschmaschinn lafen, och wann se net wierklech voll ass?
All Wäschgang verbraucht Waasser a setzt Wäschmëttelreschter a Mikrofaseren fräi. Wann d’Maschinn dacks hallef eidel leeft, klëmmt d’Belaaschtung fir d’Ëmwelt – an och d’Käschte ginn an d’Luucht.
Eisen Tipp
Schalt d’Wäschmaschinn eréischt un, wann se richteg gefëllt ass – natierlech am Respekt vun hirer maximaler Kapazitéit.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Geheis du Iessreschter (Zoossen, Reschter, Kaffissaz) an de Lavabo?
Zoossen, Iessreschter a Kaffissaz belaaschten d’Ofwaasser a féieren zu Verstoppungen an de Reier.
Eisen Tipp
Entsuerch Iessreschter am Biooffall oder am Kompost.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Léisst du Waasser onnéideg lafen (beim Aseefen ënnert der Dusch, beim Zänn botzen, asw.)?
Wann de Waasserverbrauch reduzéiert gëtt, gëtt och manner Ofwaasser produzéiert, dat behandelt muss ginn. Dat entlaascht d’Infrastruktur a reduzéiert d’Käschten. Ze vill proppert Waasser kann doriwwer eraus déi biologesch Behandlungsprozesser an de Kläranlagen stéieren.
Eisen Tipp
Dréi d’Waasser zwëschenduerch zou a gewinn dir einfach, waasserspuerend Gewunnechten un.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Pass de op Schuedstoffer wéi PFAS a Produiten op?
PFAS („Éiwegkeetschemikalien“) ginn an de Kläranlagen kaum ewechgeholl a kënne sech an der Ëmwelt usammelen.
Eisen Tipp
Wann Informatiounen disponibel sinn, wiel PFAS‑fräi Alternativen (Kleeder, Kichenutensilien, Kosmetik, asw.).
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Entscheeds de dech fir ëmweltzertifizéiert Kosmetik‑ oder Haushaltsproduiten?
Eenzel Inhaltsstoffer an herkömmleche Produite si schiedlech fir d’aquatesch Ëmwelt a kënne bei der Ofwaasserbehandlung net vollstänneg ofgebaut ginn.
Eisen Tipp
Wa méiglech, wiel Produite mat engem Ëmweltlabel – si enthalen manner Schuedstoffer a si méi ëmweltfrëndlech.
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Jo, et geschitt mir.
Nee, ech maachen dat ni.
Botz du Pinselen direkt ënnert dem Krunn?
Faarf‑ a Lackreschter enthalen Stoffer, déi fir Mikroorganismen an de Kläranlagen gëfteg sinn.
Eisen Tipp
Botz d’Pinsele net am Lavabo a bréng dat verschmotzt Waasser, Faarfreschter a Léisungsmëttel an d’SuperDrecksKëscht
Gutt Äntwert!
Falsch Äntwert!
Wou geet d’Waasser hin, nodeems mir et benotzt hunn?
D’Waasser, dat Dir all Dag benotzt, verschwënnt net einfach. Et trëtt eng laang Rees un – duerch e komplexe Netzwierk vun Infrastrukturen, dat meeschtens onsiichtbar bleift, mee ronderëm d’Auer am Asaz ass, fir d’Waasser nees propper un d’Natur zeréckzeginn.
Entdeckt, wat sech ënner äre Féiss ofspillt, wéi dës Systemer funktionéieren – an op wéi eng Aart a Weis Är deeglech Gesten e reellen Ënnerscheed maache kënnen.
