Europadag: Zesummenaarbecht fir eist (Of)Waasser an eis Gewässer
Den Europadag, deen all Joer den 9. Mee gefeiert gëtt, erënnert un d’Grondiddi vun der Europäescher Unioun: d’Stäerkt vun der Zesummenaarbecht. Dës Iddi geet awer wäit iwwer Politik eraus a weist sech ganz konkret am Alldag, ënner anerem beim Schutz vun eise Gewässer.

Waasser kennt keng Grenzen. Eng Baach zu Lëtzebuerg ass Deel vun engem groussen europäesche System, deen iwwer Flëss wéi de Rhäin oder d’Meuse bis an d’Mier féiert. Esou läit de gréissten Deel vum Lëtzebuerger Land, am Anzuchsgebitt vum Rhäin, just e klengen Deel am Südwesten, an der Géigend vu Péiteng féiert iwwert d’Kor Richtung Meuse. Dat bedeit och, datt d’Qualitéit vum Waasser net nëmme lokal beaflosst gëtt, mee vun allem, wat an dësem gemeinsame System geschitt. Eng Verschmotzung an engem Land kann sech iwwer Grenzen ewech verbreeden, genee esou wéi Efforten, fir d’Waasser propper ze halen, och international wierken.
Fir dëser Realitéit Rechnung ze droen, huet d’Europäesch Unioun de Kader mat verschiddene wichtege Richtlinne gesat. D’Waasserrahmenrichtlinn 2000/60/EC steet dobäi am Mëttelpunkt. Zanter 2000 ass si déi zentral Gesetzgebung fir de Waasserschutz an Europa a verlaangt, datt d’Memberstaaten hir Gewässer schützen a restauréieren, fir e gudden ekologeschen a chemeschen Zoustand ze erreechen. Zu Lëtzebuerg ass d’Waasserrahmenrichtlinn iwwert d’Waassergesetz vum 19. Dezember 2008 an nationaalt Recht ëmgesat ginn.
D’Ëmsetzung vun der Richtlinn an den do matter verbonnenen nationale Legislatioune geschitt iwwer konkret Gestiounspläng, déi all sechs Joer opgestallt ginn an sech un den natierlechen Anzuchsgebidder orientéieren. Zu Lëtzebuerg bezéien sech dës Pläng op d’Deeler vun de internationalen Distrikter vum Rhäin an der Meuse. Si definéieren eng Strategie fir eng nohalteg Gestioun vum Waasser a setzen op konkret Mesuren, fir d’Belaaschtung vun de Gewässer ze reduzéieren an hir Qualitéit ze verbesseren.
Fir méi Detailer iwwer d’Gestiounspläng an d’Implementatioun vun dëse Richtlinnen zu Lëtzebuerg, kann een sech um Site vun der Administration de la gestion de l’eau (AGE) informéieren.
Donieft spillt och d’Ofwaasserdirektiv eng entscheedend Roll. Si ergänzt d’Waasserrahmenrichtlinn, andeems si festleet, wéi Ofwaasser aus Stied, Industrien a Gemenge gesammelt a gerengegt muss ginn, ier et erëm an d’Natur kënnt. D’Zil ass et, Verschmotzungen sou wäit wéi méiglech ze reduzéieren an domat d’Flëss, Séien a Grondwaasser besser ze schützen. Déi europäesch Reegele ginn am Laf vun der Zäit ëmmer méi streng, fir de wuessenden Erausfuerderunge wéi Klimawandel, Bevëlkerungswuesstem an nei Forme vu Verschmotzung gerecht ze ginn. Esou gëtt momentan déi nei europäesch Ofwaasserdirektive 2024/3019 an national Legislatioun ëmgesat, déi déi aal Direktive vun 1991 91/271/EEC an de Règlement Grand-Ducal vun 1994 ersetze wäerten.
Déi verschidde Richtlinne gräifen also Hand an Hand: Wärend d’Waasserrahmenrichtlinn déi grouss ekologesch Ziler definéiert, suergt d’Ofwaasserdirektiv dofir, datt konkret Quelle vu Verschmotzung reduzéiert ginn. Zesumme bilden si d’Fundament vun enger europäescher Waasserpolitik, déi op Nohaltegkeet a Solidaritéit baséiert.
Trotz de villen Efforten ass d’Situatioun nach ëmmer erausfuerderend. D’Gewässer stinn ënner Drock duerch mënschlech Aktivitéiten an natierlech Verännerungen. Dat weist, datt et net duergeet, Reegelen ze hunn – si mussen och konsequent ëmgesat ginn, op nationalem an op lokalem Niveau.
Den Europadag ass dofir méi wéi eng symbolesch Feier. Hie mécht däitlech, datt Theme wéi Waasser net individuell geléist kënne ginn. Nëmmen duerch staark europäesch Zesummenaarbecht, duerch koordinéiert Aktiounen an duerch konkret Mesuren um Terrain kënne mir eis Gewässer laangfristeg schützen.
Domat bleift d’Botschaft kloer: Proppert Waasser, eng gesond Natur an eng staark europäesch Zesummenaarbecht ginn Hand an Hand – fir eng nohalteg Zukunft fir eis all.

