De Ronny Diederich (SIDEN) an d’Danièle Mousel (SIACH) waren zu Gaascht bei RTL Lëtzebuerg a hunn déi aktuell Kampagne „Wat leeft?“ virgestallt an erkläert wéi eis deeglech Gewunnechten d’Kanalnetzer an d’Kläranlagen am Land beaflossen.
D’Reportage weist, wéi eng Stoffer an d’Toilette oder an den Offloss gehéieren – a wéi eng net. Grondsätzlech gëllt: iwwer d’Toilette däerfen nëmme mënschlech Ausscheedungen an normalen Toilettepabeier entsuergt ginn. Weder d’Toilette nach d’Offlëss si Poubellen!
Vill Saachen, déi trotzdeem ëmmer nees do landen – wéi fiicht Dicher, Wattestäbchen, Tamponen, Iessreschter, Fetter, Medikamenter, Chemikalien oder Plastik – gehéieren net an d’Kanalisation. Si kënnen d’Leitungen verstoppen, d’Ofwaasserrengegung erschwéieren a héich Käschte verursaachen. Ausserdeem belaaschten se d’Ëmwelt, well Kläranlagen net drop ausgeleet sinn, dës Stoffer eraus ze huelen.

Well d’Bevëlkerung ëmmer weider wiisst an zur selwechter Zäit ëmmer méi Produite entsuergt ginn, kënnt et an de leschte Joren ëmmer méi dacks zu Verstopfungen an de Kanäl an zu falsch entsuergten Offäll. D’Zil vun der Kampagne ass et dofir, d’Ëffentlechkeet iwwer d’Wichtegkeet vun der Ofwaassergestioun am Lëtzebuerger Ëmweltschutz z informéieren an ze sensibiliséieren – a gläichzäiteg ze weisen, wéi sech d’Waasserqualitéit schonn duerch einfach alldeeglech Handlunge verbessere léisst.
Déi komplett RTL-Reportage mam Ronny Diederich an Danièle Mousel ass online verfügbar:
