
Véiert Stuf
Déi véiert Behandlungsstuf suergt fir eng zousätzlech Opbereedung vum gerengegte Waasser a mécht et méiglech, Mikroschadstoffer, Keimer oder aner schiedlech Substanze weider ze reduzéieren.
Déi véiert Behandlungsstuf ass eng zousätzlech Etapp an der Kläranlag an ergänzt déi dräi klassesch Stufen (mechanesch, biologesch a chemesch). D’Zil vun dëser Etapp ass et, Substanzen ze eliminéieren, déi mat de konventionelle Verfaren net genuch erausgeholl kënne ginn – besonnesch organesch Spuerestoffer, och Mikroschadstoffer genannt.
Zu dëse Spuerestoffer gehéieren ënner anerem Reschter vu Medikamenter, Hormonen, Haushalts- an Industriechemikalien souwéi Kosmetikproduiten. Si kommen am Ofwaasser nëmmen a ganz klenge Konzentratioune vir (am Nano- bis Mikrogramm-Bereich pro Liter), kënnen awer och op dësem niddregen Niveau negativ Auswierkungen op aquatesch Organismen an Ökosystemer hunn.
Déi véiert Behandlungsstuf baséiert meeschtens op Ozon-Verfaren, bei deenen d’Spuerestoffer chemesch ëmgewandelt ginn, an/oder op dem Asaz vun Aktivkuel, un déi dës Substanze gebonne ginn (Adsorptioun). Weider méiglech Verfaren si beplanzte Filteren, Membran-Technologien oder d’Behandlung mat UV-Stralung. Jee no agesater Technologie kann déi véiert Stuf och zu enger partieller Desinfektioun vum Ofwaasser bäidroen, dat heescht zu enger Reduktioun vun der mikrobiologescher Belaaschtung.

Allerdéngs kann och déi véiert Behandlungsstuf net all Substanzen am Ofwaasser komplett eliminéieren. Verschidde Stoffer sinn technesch schwéier oder guer net oftrennbar. Och bei deene Substanzen, déi gutt erausgeholl kënne ginn, gëtt meeschtens keng vollstänneg Eliminatioun erreecht.
Dofir ass et besonnesch wichteg, problematesch Substanzen esou wäit wéi méiglech schonn am Viraus net an de Ofwaasserkreeslaf erakommen ze loossen. Hir nohalteg Entfernung ass mat héijem techneschen a finanziellen Opwand verbonnen.
Et soll och ënnerstrach ginn, datt och Ofwaasser, dat eng véiert Behandlungsstuf duerchlaf huet an héich Critèren erfëllt, keng Drénkwaasserqualitéit huet
Mat der neier Direktiv iwwert dat kommunaalt Ofwaasser (EU 2024/3019) gëtt d’Aféierung vun enger véierter Behandlungsstuf fir verschidden ausgewielte Kläranlagen obligatoresch.