
Schlammbehandlung
An der Klärschlammbehandlung gëtt de Schlamm aus der Kläranlag stabiliséiert, entwässert a valoriséiert.
D’Schlammbehandlung ass en zentraalt Element vun enger Kläranlag. Am Laf vum Klärprozess entsteet Klärschlamm (Virklärung, Noklärung). Dësen enthält ënner anerem organesch Substanzen, Schwéiermetaller, duerch chemesch Fällung gebonnene Phosphor, Mikroplastik, verschidde Mikroschadstoffer souwéi Mikroorganismen. An der Virklärung gëtt de Primärschlamm ofgezunn, wärend an der biologescher Stuf Iwwerschoss- oder Sekundärschlamm entsteet.
An der Reegel gëtt de Schlamm fir d’éischt agedéckt, fir säi Waassergehalt ze reduzéieren an de Volume ze verklengeren. Duerno gëtt stabiliséiert, fir biologesch Ofbauprozesser ze hemmen, Gerochsbelästegungen ze limitéieren an hygieenesch Ufuerderungen ze erfëllen.
A grousse biologesche Kläranlage geschitt dës Stabiliséierung a Faulbehälter, déi dacks eng oval Form hunn. An dëse Behälter leeft d’Schlammfaulung ënner sauerstofffräie (anaerobe) Bedéngunge bei enger Temperatur vun ongeféier 37°C of. Dobäi entsteet Biogas (Methan), deen energetesch valoriséiert ka ginn – zum Beispill an engem Kraaft-Wärmt-Kopplungssystem – a sou zur Produktioun vun Hëtzt an Elektrizitéit bäidréit.
No der Faulung gëtt de Schlamm entwässert, wouduerch säi Volume nach eemol däitlech reduzéiert gëtt. Jee no Verfahren an no Qualitéit kann den entwässerte Schlamm energeetesch genotzt, kompostéiert oder iwwer aner Filièren entsuergt ginn.

D’landwirtschaftlech Verwäertung geet allerdéngs zréck, well d’Belaaschtung duerch verschidde Schuedstoffer am Schlamm zouhëlt. D’thermesch Verwäertung fënnt entweder a Mono-Verbrennungsanlagen, an deenen ausschliisslech Klärschlamm verbrannt gëtt, oder a Co-Verbrennungsanlagen, déi och aner Offäll, wéi zum Beispill Hausmüll, behandelen, statt.
Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell keng Mono-Verbrennungsanlag fir Klärschlamm. Allerdéngs gëtt de Moment eng national Strategie fir d’Gestioun vu Klärschlamm ëmgesat.
D’Prozesswaasser, dat bei der Schlammbehandlung entsteet, gëtt nees an d’Kläranlag zeréckgefouert.
Klärschlamm enthält och Phosphor, dee während der chemescher Behandlung extrahéiert gëtt. Et ginn technesch Léisungen, fir Phosphor aus Klärschlamm oder aus der Äsch, déi bei senger Verbrennung entsteet, zréckzeginn. Dës Technologië gi kontinuéierlech weiderentwéckelt, fir eng nohalteg Gestioun an der Zukunft ze garantéieren, well Phosphor limitéiert verfügbar ass.