
Retentiounsbasengen
| Retentiounsbasengen am Trennystem späicheren iwwerschëssegt Reewaasser temporär a reguléieren den Oflaf an de Floss oder an de Reewaasserreseau. |
Fir ze verhënneren, datt bei staarkem Reen ze grouss Quantitéiten u Reewaasser gläichzäiteg an de Reewaasserreseau oder an de Floss geroden, gi Retentiounsbasengen ugeluecht. Si späicheren d’Reewaasser temporär a ginn et kontrolléiert an d’Natur zeréck.
Duerch hire Fonctionnement droe Retentiounsbasengen zum Schutz vun der Ëmwelt bäi. Ze grouss oder ze heefeg Ofleef kënnen d’biologesch Qualitéit vun de Flëss beaflossen an de Risiko vun Iwwerschwemmungen oder Erosioun erhéijen.
Zousätzlech kompenséiere Retentiounsbasengen versigelt Flächen, wéi Diecher, Stroossen, Trottoiren oder Parkplazen, déi kee Reewaasser méi absorbéiere kënnen. Si maachen den Oflaf duerch Infiltratioun méi lues a leeschten domat e wichtege Bäitrag zum Schutz virun Iwwerschwemmungen, dëst simultan mat enger naturnoer Gestioun vum Reewaasser.
Retentiounsbasengen ginn am Beschten a Form vun oppene Basenge gebaut. Oppe Basengen, déi exklusiv fir Reewaasser geduecht sinn an ausserhalb vun Drénkwaasserschutzgebidder leien, solle mat engem einfachen, begréngte Buedem equipéiert sinn, fir d’Infiltratioun ze maximiséieren. Wann eng Stabiliséierung vum Buedem néideg ass, solle Rasengitter oder änlech Strukturen agesat ginn amplaz vun onduerchlässegem Belag, fir d’Versickerung vum Reewaasser ze erméiglechen.
Zu Lëtzebuerg si Retentiounsbasengen bei neie Bebauungsprojeten ab enger gewësser Gréisst obligatoresch. Op mannst en Deel vun der Retentioun muss dobäi als oppent Becken ausgefouert ginn, fir Uschlëss einfach kontrolléieren a falsch Uschlëss ausschléissen ze kënnen.
Mat enger adäquater Gestaltung kënne Retentiounsbasengen sech harmonesch an d’Stad- an Naturlandschaft integréieren.