
Pompelstatiounen
Pompelstatiounen hiewen d’Ofwaasser op e méi héijen Niveau, fir datt et och a flaachem oder schwéier zougänglechem Terrain weider oflafe kann.
Pompelstatiounen si noutwenneg, wann dat natierlecht Gefäll net duer geet, fir d’Ofwaasser bis an d’Kläranlag ze transportéieren. Si erlaben et, Ënnerscheeder am Niveau ze iwwerwannen an topographesch Hindernisser ze passéieren. Sou garantéieren si e kontinuéierleche Flux an e séchere Fonctionnement vun der Kläranlag.
Modern Pompelstatioune si meeschtens automatiséiert a kontrolléiere gläichzäiteg de Waasserniveau an Debit. Nieft de Kläranlagen zielen si zu de gréisste Stroumverbraucher am kommunale Beräich vum Assainissement a droen domat wesentlech zum Gesamtenergieverbrauch bäi
Eng falsch Entsuergung vun Offäll – wéi zum Beispill Lingetten, déi an d’Toilette geheit ginn – ka Pompele verstoppen. Dat verursaacht opwänneg an deier Reparaturen a Stéierungen am Betrib.