Entlaaschtungsbauwierker

D’Entlaaschtungsbauwierker am Mëschsystem féieren bei staarkem Reen iwwerschëssegt, staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an d’Baach of. Dat entlaascht de Kanalisatiounsreseau a schützt d’Kläranlag.

Zu den Entlaaschtungsbauwierker am Mëschsystem gehéiere Reeniwwerleef a Reeniwwerlafbecken.
Dës Bauwierker leien am Kanalnetz um Wee an d’Kläranlag a déngen dozou, d’Infrastruktur bei staarke Reefäll ze schützen.

Bei staarke Reefäll kann d’Kanalnetz net ëmmer déi ganz Waassermass un d’Kläranlag weiderleeden. E Reeniwwerlaf erméiglecht et dann, iwwerschëssegt a staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an e Gewässer ofzeleeden. Ier d’Waasser an d’Baach oder an de Floss leeft, passéiert et e Riech, deen déi graff Offäll (z. B. Lingetten oder Plastik) zeréckhält. Sou gëtt eng Iwwerlaaschtung vun de Kanäl verhënnert an d’Kläranlag geschützt.

Reeniwwerlafbecken hunn zousätzlech e Späichervolumen. Dat bedeit dat d’ Ofwaasser als éischt tëschegespäichert gëtt an duerno gedrosselt un d’Kläranlag weidergeleet gëtt. Eréischt wann dat ganzt Späichervolumen voll ass, gëtt iwwerschëssegt Waasser – och hei iwwer e Riech – an d’Gewässer ofgeleet. Duerch dës Späicherfunktioun ginn d’Heefegkeet an d’Dauer vun Entlaaschtungen däitlech reduzéiert. Dofir ginn hautdesdaags verstäerkt Reeniwwerlafbecken gebaut. Bestoend Reeniwwerleef ginn och mat engem Riech equipéiert.

Bei Reeniwwerlafbecken ginn et verschidde Bauformen: Fangbecken, Duerchlafbecken a Stauraumkanäl. Jee nodeem wéi de Baseng am Reseau läit, schwätzt ee vun Haaptschloss oder Nieweschloss. Reeniwwerlafbecken kënnen och an der Uertschaft selwer leien. Dacks gëtt et och nach e Becken direkt virun der Kläranlag, meeschtens um Terrain vun der Kläranlag selwer.

D’Dimensionéiere vun de Bauwierker geschitt op Basis vun:

  • hydraulesche Berechnungen,
  • der Gréisst vum ugeschlossene Anzuchsgebitt,
  • de Nidderschlagsverhältnisser,
  • de gëltege rechtlechen an technesche Reegelwierker.

Zousätzlech si Reeniwerlafbecken esou equipéiert, dat se automatesch gebotzt a gespullt kënne ginn esou dat eng dauerhaft Betribssécherheet garantéiert gi kann.

D’Iwwerlef vun de Bauwierker ginn opgezeechent an analyséiert.

Entdeckt aner Ariichtungen

Kanalisatioun

D’Kanalisatioun leet d’Ofwaasser of. Dat ëmfaasst d’Ofwaasser aus Stéit a Betriber souwéi d’Reewaasser vu versigelte Flächen.

Pompelstatiounen

Pompelstatiounen hiewen d’Ofwaasser op e méi héijen Niveau, fir datt et och a flaachem oder schwéier zougänglechem Terrain weider oflafe kann.

Retentiounen

Retentiounsbasengen am Trennystem späicheren iwwerschëssegt Reewaasser temporär a reguléieren den Oflaf an de Floss oder an de Reewaasserreseau.

Kläranlagen

Kläranlage behandelen d’Ofwaasser mat mechaneschen, biologeschen a chemesche Verfaren, éier et an e Floss zeréck geleet gëtt.

Schlammbehandlung

An der Klärschlammbehandlung gëtt de Schlamm aus der Kläranlag stabiliséiert, entwässert a valoriséiert.

Véiert Stuf

Déi véiert Behandlungsstuf suergt fir eng zousätzlech Opbereedung vum gerengegte Waasser a mécht et méiglech, Mikroschadstoffer, Keimer oder aner schiedlech Substanze weider ze reduzéieren.

Laboratoiren

Analytesch Laboratoiren iwwerwaachen d’Qualitéit vum Waasser an dem Schlamm bei all Etapp vum Prozess vun der Behandlung.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.