Kanalisatioun

D’Kanalisatioun leet d’Ofwaasser of. Dat ëmfaasst d’Ofwaasser aus Stéit a Betriber souwéi d’Reewaasser vu versigelte Flächen.

Am Mëschsystem ginn Ofwaasser a Reewaasser zesummen an engem Rouer Richtung Kläranlag geleet.
Am Trennsystem gëtt nëmmen d’Ofwaasser Richtung Kläranlag transportéiert, wärend d’Reewaasser direkt an de Floss ofgeleet gëtt.

Ënner Ofwaasser versteet ee Waasser, deem seng Eegenschafte sech duerch seng Notzung an de Stéit, bei handwierklechen, kommerziellen oder landwirtschaftlechen Aktivitéite geännert hunn (haislecht Ofwaasser), souwéi Reewaasser vu versigelte Flächen.

Et ginn zwou Zorte vu Kanalsystemer: de Mëschsystem an de Trennsystem.

Am Mëschsystem ginn d’Ofwaasser an d’Reewaasser an dem nämmlechte Rouer gesammelt a Richtung Kläranlag transportéiert. Fir bei staarkem Reen de Reseau an d’Kläranlag ze entlaaschten, ginn et Entlaaschtungsbauwierker, déi dat staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an de Floss ofleeden. Wa gréisser Niveausënnerscheeder iwwerwonne musse ginn, komme Pompelstatiounen zum Asaz.

Am Trennystem ginn d’Ofwaasser an d’Reewaasser getrennt gesammelt. D’Ofwaasser leeft an d’Kläranlag, d’Reewaasser gëtt iwwer en eegene Reseau an de Floss geleet. Retentiounsbecken déngen dozou, d’Reewaasser temporär ze späicheren an den Oflaf an d’Baach bei staarkem Reen ze reguléieren.

D’Kanalnetz suergt domat fir eng kontinuéierlech an hygieenesch Entsuergung vum Ofwaasser, wärend et virun Iwwerschwemmungen an Ëmweltschied duerch onkontrolléierten Oflaf schützt.

Zu Lëtzebuerg ass d’Mëschsystem nach ëmmer déi heefegst Form. An de Stied Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht ass awer schonn e wesentlechen Deel vum Reseau am Trennsystem. Nei Quartiere ginn an der Reegel systematesch mat engem Trennsystem equipéiert. Et ass dobäi besonnesch wichteg, falsch Uschlëss ze vermeiden. Wann d’Schmotzwaasser iertemlech an de Reewaasserreseau ageleet gëtt, bedeit dat eng grouss Belaaschtung fir d’Flëss. Well de bestoende Reseau nach gréisstendeels am Mëschysystem ass, gëtt d’Schmotzwaasser dacks nees an dëse Reseau zeréckgefouert a kënnt iwwer Entlaaschtungsbauwierker an d’Kläranlag.

Reegelméisseg Kamera-Inspektiounen iwwerwaachen den Zoustand vun de Kanalisatiounen, fir hir Funktiounsfäegkeet ze garantéieren an eventuell Defekter fréi ze erkennen. Schied kënnen zum Beispill duerch Wuerzele verursaacht ginn. Och Verstoppungen duerch falsch entsuergten Offall sinn en heefege Problem, deem jidderee mat verantwortungsvollem Verhalen entgéintwierke kann.

Wann eng Sanéierung néideg ass, ginn – jee no Aart vum Schued – verschidde Methode benotzt, wéi zum Beispill d’Inliner-Technik, robotergestëtzt Verfaren oder klassesch Bauaarbechten am oppene Gruef. D’Dimensionéiere vun de Kanalisatioune geschitt op Basis vun de viraussiichtleche Waasserdébit’en.

Entdeckt aner Ariichtungen

Entlaaschtungsbauwierker

D’Entlaaschtungsbauwierker am Mëschsystem féieren bei staarkem Reen iwwerschëssegt, staark verdënnt Ofwaasser kontrolléiert an d’Baach of. Dat entlaascht de Kanalisatiounsreseau a schützt d’Kläranlag.

Pompelstatiounen

Pompelstatiounen hiewen d’Ofwaasser op e méi héijen Niveau, fir datt et och a flaachem oder schwéier zougänglechem Terrain weider oflafe kann.

Retentiounen

Retentiounsbasengen am Trennystem späicheren iwwerschëssegt Reewaasser temporär a reguléieren den Oflaf an de Floss oder an de Reewaasserreseau.

Kläranlagen

Kläranlage behandelen d’Ofwaasser mat mechaneschen, biologeschen a chemesche Verfaren, éier et an e Floss zeréck geleet gëtt.

Schlammbehandlung

An der Klärschlammbehandlung gëtt de Schlamm aus der Kläranlag stabiliséiert, entwässert a valoriséiert.

Véiert Stuf

Déi véiert Behandlungsstuf suergt fir eng zousätzlech Opbereedung vum gerengegte Waasser a mécht et méiglech, Mikroschadstoffer, Keimer oder aner schiedlech Substanze weider ze reduzéieren.

Laboratoiren

Analytesch Laboratoiren iwwerwaachen d’Qualitéit vum Waasser an dem Schlamm bei all Etapp vum Prozess vun der Behandlung.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.