À propos

Ziler vu « Wat leeft ? »

  • De Parcous vum Ofwaasser entdecken
  • Verstoen, firwat proppert Ofwaasser wichteg ass
  • Waasser an Ëmwelt duerch einfach gesten am Alldag schützen
  • Verantwortung iwwerhuelen – fir d’Natur, d’Ressourcen an d’Käschten

Wat bedeit « Wat leeft ? »

« Wat leeft ? » ass e lëtzebuergeschen Ausdrock, dee bewosst mat Wierder spillt. Engersäits kann en “Wat gëtt et Neies?” oder “Wat geschitt?” bedeiten. Anerersäits bezitt en sech op dat, wat iergendwou zirkuléiert oder fléisst. Am Kader vun dëser Kampagne bezitt sech “Wat leeft?” also op d’Fro, wat an de Kanäl an an de Kläranlagen geschitt.

Firwat « Wat leeft ? »

Fir déi meescht Leit ass d’Entsuergung an d’Behandlung vum Owaasser am Alldag kaum sichtbar. Nom Prinzip “Aus den Aen, aus dem Sënn” maachen sech vill Leit net vill Gedanken doriwwer, wat mat hirem Ofwaasser geschitt, nodeems si d’Toilette gespullt oder de Lavabo eidel gemaach hunn. Dobäi ass de Kanalsystem vill méi komplex: et handelt sech ëm en raffinéiert Netzwierk vu Réier kombinéiert mat modernen Technologien, déi entscheedend zur mënschlecher Gesondheet an zum Schutz vun eise Gewässer bäidroen.

Vill Leit wëssen och net, datt si selwer duerch einfach Alldagsgesten e wichtege Bäitrag zum Waasserschutz leeschte kënnen. Mat bewosstem Handelen ass et méiglech, d’Verschmotzung ze reduzéieren, eng onnéideg Iwwerlaaschtung vun de Kläranlagen ze vermeiden an d’Käschte fir d’Ofwaasserbehandlung ze limitéieren.

Dofir huet d’Kampagne “Wat leeft?” zwee Ziler:

  1. Ze weisen, wat an de Kanäl an an de Kläranlagen geschitt – wat also “leeft”
  2. Der Bevëlkerung praktesch Rotschléi ze ginn, fir datt jiddereen selwer zu enger nohalteger Gestioun vum Ofwaasser bäidroe kann.

Wat ass « Wat leeft ? »

“Wat leeft?” ass eng national Sensibiliséierungscampagne iwwer dräi Joer, initiéiert vun der “Associatioun luxembourgeoise des Services d’Eau” (ALUSEAU). Si gëtt vun de Memberen vun der Associatioun aus dem Beräich Ofwaasser an dem Ëmweltministère finanzéiert.

Mat verschiddene Medieformater wëllt d’Campagne d’Thema Ofwaasser fir d’Bevëlkerung vum Grand-Duché konkret a gräifbar maachen a weisen, wéi eng Roll jidderee spille kann.

D’Websäit ofwaasser.lu zentraliséiert d’Contenuen vun der Campagne a bitt zousätzlech Informatiounen iwwer d’Ofwaasserbehandlung.

Wien steet hannert “Wat leeft?”

D’Associatioun Luxembourgeoise des Services d’Eau (ALUSEAU) vereenegt d’Acteuren aus dem Waassersecteur zu Lëtzebuerg. Hir Missioun ass et, am Allgemenginteressi d’gemeinsam Uleies vun den ëffentlechen Institutiounen a Servicer an der Waassergestioun ze fërderen.

Gegrënnt am Joer 1974, zielt d’Associatioun ënnert hire Memberen d’Stied an d’Gemengen aus dem Grand-Duché, d’interkommunal Drénkwaasser- an Ofwaasser-Syndikater, souwéi de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) an d’University of Luxembourg (Uni.lu), Research Unit in Engineering Science.

Am Kader vum 50. Anniversaire am Joer 2024 huet ALUSEAU iwwer ILRES eng repräsentativ Ëmfro iwwert d’Wëssen vun der Bevëlkerung zum Thema Ofwaasserbehandlung maache gelooss. Dës Ëmfro déngt als Basis fir d’Inhalter vun der Sensibiliséierungskampagne “Wat leeft?”

Wéi ass de Kenntnisstand vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer d’Ofwaasserbehandlung?

D’Resultater vun der Ëmfro weisen, datt et e reellt Interesse fir dëst Thema besteet, och wann d’Wëssen nach ausbaubar ass. Vill Biergerinnen a Bierger woussten net, datt si lokal Kläranlage besiche kënnen, fir de Behandlungsprozess besser ze verstoen (kuckt Rubrick “Statiounen”). Den Interessi fir esou Visitten ass awer däitlech do.

Wat d’Verhale beim Ëmgang mat Ofwaasser ugeet, ginn et schonn eng Rei gutt Gewunnechten. E puer Aspekter – zum Beispill d’Entsuergen vu Lingetten – erfuerderen awer nach méi Sensibiliséierung. Déi meescht vun de Befroten sinn sech bewosst, dat hiert Verhalen d’Zesummesetzung vum Ofwaasser beaflosst, a si si bereet, hir Gewunnechten unzepassen.

Dës Resultater weisen, datt – trotz der gerénger Visibilitéit vum Thema – Interesse a Bereetschaft ze handelen an der Bevëlkerung kloer virleien.

Déi detailléiert Resultater vun der Ëmfro (op Franséisch) kënnen iwwer ofwaasser@aluseau.lu ugefrot ginn.

Aner Aktiounen an déi selwecht Richtung

Dëse Projet ass Deel vun enger méi grousser Initiativ fir d’Ëmweltbewosstsinn zu Lëtzebuerg ze stäerken. D’Campagne ergänzt aner wichteg Moossnamen, déi zu engem nohaltegen Verhalen am Alldag encouragéieren.

Administration de la gestion de l’eau (AGE)

Steiert d’Waasserspolitik a Lëtzebuerg: Iwwerwaachung, Qualitéit, nohalteg Ressourceverwaltung an de Schutz vum Waasserkreeslaf.

Administration de l’environnement

Entwéckelt a koordinéiert ëffentlech Politiken, fir natierlech Ressourcen ze erhalen an d’Qualitéit vun eiser Liewensëmwelt ze verbesseren.

SuperDrecksKëscht

Eng national Initiativ fir eise Offall besser ze verwalten, en effizient ze trennen an geféierlech Produkter an eise Oflaafleitungen ze reduzéieren.

Eco-Management and Audit Scheme (EMAS)

E europäescht Zeechen, dat Organisatiounen unerkennt, déi sech fir e virbildlecht an transparent Ëmwelttmanagement engagéieren.

Antigaspi

Eng national Initiativ, déi Liewensmëttelverschwendung bekämpft a méi verantwortlech Konsumpraktiken fërdert.

Inspiring More Sustainability (IMS)

D’Netzwierk vun Entreprisen, déi sech fir eng nohalteg Transitioun zu Lëtzebuerg engagéieren, duerch konkret a kollaborativ Projeten.

Dateschutz-Iwwersiicht

Dës Websäit benotzt Cookien, fir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ze bidden. Cookie-Informatioune ginn an Ärem Browser gespäichert a maachen Funktiounen wéi Iech erëmzëerkennen, wann Dir op eis Websäit zeréckkommt, an eisem Team ze hëllefen ze verstoen, wéi eng Beräicher vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.